top of page
Vol2

Branntewäin 
De verwëllefte Keller (Vol.2)

Ëm wat geet et?

De Kommissär ass zeréck, also méi oder manner. Eisen amfong pensionéierte Kommissär, deen dem Doud nach grad sou vun der Schëpp gesprongen ass, kann einfach net d’Fanger vum neie Fall loossen. Viru kuerzem ass zu Schengen en Douanier spuerlos verschwonnen. Wéi et schéngt war hien eppes Grousses op der Spuer. Villäicht eppes mat d’Branntewäin? Wien weess… Op piddefall d’Gendaarmen, dorënner den Haaptermëttler Emile Kreuz, fréieren Aarbechtskolleeg vum Kommissär, sti virun engem grousse Rätsel. Datt si dobäi um hallwe Wee op e beemol vun engem alen, granzegen a pensionéierte Kommissär Hëllef géifen kréien, huet keen erwaart. Mais bon, sou ee stuere Bock, bleift och net mam Aasch doheem op der Fautel sëtzen. De Fall waart op hien!

Image by Alfons Morales
Vol1

Branntewäin(Vol.1)

Ëm wat geet et?

Jo, jo, d’ass schonn gutt ech weess wat dir lo denkt: „Erëm sou een langweilegen nullachtfünfzehn Krimi“, mee nee maach mol lues! Firwat sollt e Krimi net mol eng Kéier een zum Schmunzele bréngen a gläichzäiteg fessele kennen? Ma eben! Mat eisem klengkaréierten lëtzebuergeschen Kommissar Jean-Paul Gauthier erfëllt hien den totalen Klischee an léisst mat senger spezieller Aart a Weis den knifflegsten an schwéiersten Fall vun senger Karriär. Ech soen nëmmen eppes, d’ass een ferm mat der Panz an d’Musel gefall. An wéi et bei de Miseler ëmmer ass, war rëm Alkohol am Spill. D’ass awer och schlëmm mat hinnen!

Iwwert den Auteur

 

 

 

Also den Paul Heinesch ass…, EY Moment! Firwat lies du dat hei? Lies dach léiwer d’Geschicht déi ass vill méi interessant wéi ech an dofir hues du dach d’Buch kaf oder net? Ma also! Hop hop, maach dech bäi!

Okee, an lo eng Kéier éierlech. Mäin Numm ass Paul Heinesch ech sinn säit dem éischten Buch natierlech och méi al ginn, oh Wunder! Mëttlerweil sinn ech 23 Joer al a wunnen  un der schéiner Musel zu Stadbriedemes. A fir all déi froen: "Firwat iwwerhaapt op Lëtzebuergesch?" Ma ganz einfach, firwat net an deier Sprooch schreiwen, déi een och schwätzt? Direkt aus de Gedanken gerappt an op de Pabeier geprafft. Dat ass dachauthentesch odersou. Oder net? So du mir et!

IMG_3642.JPG
DSC_9709.jpg

Merci gesot!

Als éischt e grousse Merci un mäin besseren Meter! Merci Jill Groos fir d‘Matverbessern, fir deng Gedold, deng Rotschléi an virun allem, dass du mäin geschriwwenen Kabes ëmmer gelies hues.

Natierlech och e grousse Merci u meng Elteren an u mäi Bruder fir d’Rotschléi an d’Ënnerstëtzung.

 

Richteg Schreiwen op Lëtzebuergesch ass net ohne. Dofir e grousse Merci un d’Jeanne Letsch, déi dat heite Buch net

nëmme verbessert, mee mir souguer nach deen een oder anere Schreifstiltipp ginn huet. E grousse Merci!

Datt e schéine Cover vill ausmécht läit op der Hand. Dofir e grousse Merci un de Michel Decker, deen sech direkt bereeterklärt huet mir dobäi eng Hand unzepaken. Deng Fotoen sinn souwuel um Cover, wéi och hei um Site gelant. Merci!!

 

Merci Dan Hoffmann, datts du kee Moment gezéckt hues däi flotten, ale „VW Käfer“ fir d’Buchcover bereetzestellen.

 Merci Ben Farschon fir den detailléierten Feedback! Ouni deen géift ech lo nach ëmmer hei setzen an mir d’Hoer erausrappen, wéi lo wat ass.

Dann geet och nach e Merci un de Joë Kremer raus, dee mech bei oppene Froen ëmmer beroden a konstruktiv Tuyaue geliwwert huet.

E grousse Merci un den Olivier Frisch! Ouni däin Kënnen a Wëssen a punkto Management, Fotoen a Produzéieren géif ech lo nach ëmmer u mengem Daum lutschen. A Merci vir d'Matschaffen beim Verbesseren. An NET ze vergiessen, grousse SHOUTOUT un all d'Fotoen um Site, déi och vun dir sinn!

Merci un den Cédric Simon, datt hien sech direkt bereet erkläert huet, mir beim Verbesseren ze hëllefen. Villmools Merci!

ps: Merci spellchecker, datt et dech gëtt, sos wären lo nach méi Feeler dran ;)

MERCI
bottom of page