Branntewäin - De verwëllefte Keller
No 2 Joer ass et erëm souwäit! Endlech kann ech iech elo mat voller Freet mäin zweet Buch annoncéieren. Branntewäin - De verwëllefte Keller, eng Fortsetzung vum Éischten! Sou vill sief gesot, d'Geschicht vun eise Personnagen, aus dem éischte Buch, ass bei wäitem nach net eriwwer! Aaa, nee!
Alt nees eng Kéier ass eppes Kromm an der Heck. De Schroe Gibbes, en Douanier vu Schengen, ass wéi aus dem Näischt vum Äerdbuedem verschléckt ginn. Mee firwat?! Huet de Branntewäin villäicht eppes domat ze dinn? Et weess een et net! Fann et eraus, wéi d'Ermëttlerteam de Fall opdeckt. Mee wien ass iwwerhaapt de Kapp vun den Ermëttlungen? Bestëmmt den Emile Kreuz oder!? Et weess een et net. Loosst iech vun der ganzer Panoplie u Spréchwierder, lëtzebuergesche Stereotyppen, Miseler Weisheeten an Dommheeten iwwerraschen an zum Schmunzele bréngen. An elo PROST! Maach de Brännti op, schëtt der een eraus an da vill Spaass beim Liesen!